Mir sinn rem an der Zivilisatioun ukomm an hu rem Internet & Handy Reseau 🙂 yuhuuu 😉
Dofir sin lo all eis Yellowstone-Posten mateneen komm 😉
Fir eis Visite am wonnerbaren Yellowstone komplett ze man, hu mer de Moien nach de leschten Deel erkundet, a konnten och do rem wonnerschein Geysiren & Blubber-Tümpel bewonneren! Dee Park ass wierklech ESOU genial – dei scheinste Platz op deser Welt!! Sou!
Dono hu mer den scheine Yellowstone awer missen verloosen, fir direkt ennendrenner an de Grand Teton National Park ze fueren! Mir haten eis am Fong net esou vill dovunner erwaard, nom Yellowstone ass een e bessen anspruchsvoll ginn 😉 MEE: och hei si mer rem iwwerrascht ginn! De Park – wou emmerhin Bierger vun iwwer 4000 Meter stinn – ass och wierklech schein!
Dono si mer weider op Jackson gefuer – dei ultimativ Cowboy Stadt 🙂 Wierklech flott & witzeg – vlait e besssen zevill op Touristen getrimmt, mee awer cool 🙂 A wou si mer geland? Am Buffalo Hotel…oh je et hällt nie op, dei Bisons verfolgen eis iwwerall hinn! 😉
Bär loves Flower-Power in theTetons






















Je me répète mais les photos sont vraiment magnifiques ! 🙂 Je n’en reviens toujours pas des paysages de Yellowstone !! IREELS !