De Moien ass den Daag liicht duerchwues ugaang, also respektiv et huet gereent wei S… an et huet een seng Hand net virum Gesiicht gesinn souvill Niwwel hate mer! En gros waren mer deck begeeschtert – perfekt Wieder fir Landschaften & Bierger ze kucken 😉 Jasper huet ausgesinn wei iergend eng hondsgeweinlech Stadt, ob Bierger oder net huet een souwisou net gesinn!
Mee no an no huet dei Saach sech opgeklärt an am Nomettem haten mer tiptop Wieder, a mir waren rem frou 🙂
Och deieren-technesch war rem e vollen Succès. Mir hunn rem Bären gesinn !!!! An souguer 1 Mamm mat 3 Klengen 🙂 Mir hunn och eng Bambi Famill gesinn an och e Coyote (mee deen war mer ze schnell fir ze knipsen) 🙂
Bär enjoying sunset



















an wouhin sinn d’kanadier all an d’vakanz..et ass jo kéen mei do…. ?