Day (1&) 2 – Seattle

Day 1 resuméiert sech ganz einfach op 19 Stonnen fléien! Nee pardon: fléien – landen – fléien – landen – Fliger bal verpassen weinst Restaurant – fléien – ukommen !
Um 22h Seattle Zait haten mer dunn e vun de wichtegsten Highlights vun deser Vakanz: please meet….THE BEAST !!!!! (fir Techniker enner iech: Chevrolet Suburban – fuschnei – 7 Plaatzen!!)

20120606-221828.jpg

20120606-221840.jpg

Day 2 – pünktlech um 5h Moies huet den Jetlag eis waach gekesst 😉 (..?!?) a mir hunn eis op de Wee gemaach fir Seattle ze erkunden! De Moien frei hu mer den Pike Place Market erliewt – ee vun den eelste (…) Mäert aus den USA ! Dat ass e riesen Maart wou een sou zimmlech alles kritt wat fresch ass: Krabben, Fesch, Elefante-Knuewlek (…Saache ginn et!), an an an! An och den allereischte Starbucks gouf hei gegrennt! Top Location also 🙂 Dat ganzt en plus an engem fir Amerika ganz ontypeschen – schon baaaal europäeschen – Kader!

20120606-222113.jpg

20120606-222130.jpg

20120606-222147.jpg

20120606-222207.jpg

20120606-222346.jpg

No enger kuerzer Shopping Tour dei mech (Benno) an den “Bella Umbrella” gefouert huet – e Buttik wou et sos naischt wei Prabbelien gett, dorenner natierlech mei nei Erungenschaft – si mer an de Kerry Park gefuer vun wou aus een eng super Vue op Seattle hat!

20120606-222454.jpg

20120606-222511.jpg

20120606-222534.jpg

20120606-222724.jpg

Dono wollte mer eis dei Needle do awer mol vun mei No ukucken! An Iwwerraschung – do waren nach allerhand aner Kuriositéiten! Notamment e komeschen Musek & Science Fiction Musee deen virun allem duerch seng bizarre Formen an d’Aan stecht 🙂

20120606-222902.jpg

20120606-222923.jpg

20120606-222954.jpg

No engem kuerzen Jogging si mer dunn eppes Guddes iessen gaang an hunn eis de Beier schmaache geloos!

No der Stäerkung hu mer eis et awer net huele geloos, d’Seattle Skyline bei Sonnenennergang ze bewonneren ! A well den Himmel geint Owend mei opgaang ass, huet een am Hannergrond souguer de Mount Rainier gesinn ! Fazit: Seattle ass top, gefällt eis super gudd an dat bescht: mir hunn nach en Daag hei ! 🙂

20120606-223111.jpg

20120606-223155.jpg

Bär sleepless in Seattle

20120607-080804.jpg

Advertisements
Categories: >> Nach Amerika kommt KANADA + USA (2012) | 2 Comments

Post navigation

2 thoughts on “Day (1&) 2 – Seattle

  1. J’ai presque tout compris 😛 La chevrolet pas trop dur à garer? Ils nous avaient proposé ça mais ça paraissait vraiment enoooorme! Bonnes vacances!

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s

Create a free website or blog at WordPress.com.

%d bloggers like this: